Owend mat der Fadas Family Travestie-Show & Iessen vum Pastificio Chez Toni
26.04 / 17:45
82€Bereet iech vir op e sprëtzege Spektakel
voller Faarf, Witz a Glamour!
D’Fadas Family bréngt mat hirer Travestie-
Show e Fënkelchen Verrécktheet, vill
Charme a ganz vill Talent op d’Bün.
Hei ginn d’Grenze vum Alldag mat engem Aenzwinkern
duerchbrach – et gëtt gelacht, gestaunt an
natierlech vill applaudéiert.
Fir de kulinareschen Deel vum Owend suergt
de Pastificio Chez Toni, deen eis mat engem
italienesche Tri de Pâtes verwinnt – frësch,
hausgemaacht an einfach delizioso.
Den Dessert gëtt Iech zervéiert vum Club Hausnatierlech
alles an der italienescher Ligne.
E perfekte Mix aus Show, Iessen a gudder Laun –
eppes fir d’Aen, d’Oueren an de Palet!
Wann/quand:
Sonndes/dimanche
Datum/date: 26.04.2026
Auerzait/heure: ab 17h45 (Iessen um 18h00 an duerno geet et lass mat dem Spektakel)
RDV: Club Haus beim Kiosk
Präis /prix: 82 Euro (Iessen & Spektakel)
Sprooch : Lëtzebuergesch, français, deutsch
Umeldung/inscription: 26 54 04 92 oder info@beimkiosk.lu
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.
Von der Veranstaltung abmelden.