Ouschterrallye mam Kiosk
24.03 / 9:00 - 16:00
25€Mir stellen dëst Joer Ouschtere bëssen anescht an de
Mëttelpunkt an zwar a Form vun engem Rallye. De Wee
wäert tëschent 5 a 6 km laang sinn.
Mir fänke den Dag gemitterlech bei eis am Club un,
andeems mär zesumme Kaffi drénken an e Croissant
iessen. Dann geet et och schonns mat dem éischten
Challenge lass: Den Ouschterhues war bëssen an de
Wolleken an dofir muss där ënnerwee e bësse fir hien
schaffen, wat natierlech och emol eng Erausfuerderung
duerstellen. Mir verroden elo awer nach net alles
soss ass et jo net méi spannend. Et geet dreems a
Gesellschaft ze sinn, e schéinen Dag ze verbréngen, ze
poteren an zesumme Spaass ze hunn.
Där kënnt Iech als Ekipp oder eleng umellen.
Den Dag loosse mär am Club mat engem gemeinsame
Mëttegiessen auskléngen. Um Menu steet Chilli con
oder sin carne an en Dessert. Mëllt Iech séier un!
Cette année, nous avons pensé à célébrer Pâques sous
un autre jour. Nous le ferons sous forme de rallye. Nous
commencerons tranquillement au club par un petit-déjeuner.
Le premier défi commencera peu après. Le lapin
de Pâques avait la tête dans les nuages donc vous devez
travailler un peu en chemin pour l’aider. Nous ne dévoilerons
pas tout, la surprise sera garantie jusqu’à la fin.
L’objectif principal reste la rencontre, de passer une
belle journée ensemble, de discuter. Nous terminerons
la journée par un déjeuner commun au club. Au menu :
Chili con carne et sin carne & un dessert. N’hésitez pas
de vous inscrire.
Wéini/quand :
Dënschdes/mardi
Datum/date:
24.03.2026 (sech bis den 18.03.2026 umellen)
Auerzäit/heure : 9h00
RDV: Club Haus
Participatioun: 25 Euro/Persoun (Rallye, Iessen ouni Gedrenks)
Sprooch: Lëtzebuergesch
Umeldung: 26540492 oder info@beimkiosk.lu
Iwwerweisen mam Vermierk „Ouschterrallye“
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.