Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Op de Spuere vun de Passeuren Guidéiert Wanderung zu Ëlwen


06.06 / 8:30 - 16:30

70€

Mat engem lokale Guide maache mir eng geféiert Wanderung duerch den Naturpark Our, déi historescht Interesse an Naturwanderung ronderëm Ëlwen, matenee verbënnt.

De Schwéierpunkt vun dëser Randonnée läit op der Flucht an d’Belsch vu lëtzebuerger Resistenzler a vun deenen déi sech an de leschte Joere vum zweete Weltkrich der Zwangsrekrutéierung widdersat hunn, an , op der besonnesch verhängnisvoller Geschicht vun e puer Lëtzebuerger Familljen. A groben Zich zeechent dësen Tour den tatsächleche Wee no, deen d’Passeure mat hire Schützlingen zeréckgeluecht hunn.

No der Wanderung wäerte mir zesummen am Restaurant Lamy zu Ëlwen zu Mëtteg iessen, éier mir den Heemwee untrieden.

Am Präis abegraff: Transport; Guide; Mëttegiessen

Den Transport op Ëlwen maache mir a klenge Bussen. (Sot eis Bescheed, wann Dir  selwer op Ëlwe wëllt fueren ; da bezuelt Dir  20€ manner)

De Wee ass  ongeféier 8km laang an hiwweleg.

Wichteg: fest Schong (am beschte Wanderschong) an evtl e Wanderbengel

 

Datum : Dënschdeg

Auerzäit : 08h30 – 16h30

Präis : 70 €

Sprooch : Lëtzebuerguesch

Uert : Club Haus Am Brill, 51, Rte d’Arlon  L-8310 Capellen

Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu

Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill

BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit

Veranstaltungsort

51, Route d’Arlon
L-8310 Capellen
Luxemburg Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 30 00 01

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.