Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Namibia Filmreportage vum Norbert Lepage


26.10 / 17:00 - 19:00

15€

Reportage vun der Becheler Kulturrees 2018

 

4200 km ware mer ënnerwee, meeschtens op knubbelëge „Wellblech“Pisten an hunn den Tour vu ganz Namibia gemeet. Windhoek, Quivertree Forest, Giant’s Playground, Fish-River Canyon, zweetgréisste Canyon weltwäit, d’Namibwüst muerges fréi, wat e Schauspiel, Sossusvlei a Sesriemcanyon.

Swakopmund um Atlantik. An hei en Highlight: mat engem klenge Sportfliger iwwert d’Namibwüst, laanscht eng Donnerwiederfront. Hei ass an deem Dag méi Ree gefall wéi soss an engem Joer. Fantastesch Biller!

Weider Highlights: Besichtigung vu Fielsgravüren zu Tvyfelfontein, 2000 bis 10.000 Joer al an op Besuch beim Damaravollek an hirem Living Museum.

An dann d’Kiischt um Kuch: den Etosha National Park am Norden, 10 mol esou grouss wéi Lëtzebuerg.

A Chance hate mer: Mir hunn immens vill Déiere gesinn, wat nach laang net ëmmer de Fall ass.

Eng wonnerschéi Rees.

An eng gutt Geleeënheet d’Rees nach eng Kéier ze genéissen oder nei ze entdecken:

No der Reportage lueden mir Iech an op

Cous Cous mat engem gudde Pättchen

(nëmmen op Bestellung)

Mir bieden Iech telefonesch oder per mail unzemellen an Är Participatioun vu 15 € z’iwwerweisen op de Konto BGL LU14 0030 3939 3148 0000 Haus Am Becheler mam Vermierk “Film Namibia” mam respektiven Datum

 

 

 

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.