Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Mini-Trip Ludwigsburg – Blühendes Barock


09.11.2023 - 10.11.2023 / 07:30 - 22:00

260€ – 320€

1. Dag: Donneschdes, den 09. November
07h30: Depart mam Bus beim Treff Aal Schoul a Richtung Ludwigsburg. Ënnerwee maache mir eng Paus op enger Raststätte.
12h00: Arrivée am Nestor Hotel Ludwigsburg. Gemeinsaamt Mëttegiessen am Hotel.
15h00: Check-In am Hotel

16h00: Besuch vun der weltgréisster Kürbisausstellung am Schlasspark, déi dëst Joer ënnert dem Thema «Feier» steet. Soubal et däischter gëtt,verwandelt sech de Park an e «leuchtenden Traumpfad» (bis 21h30).
Fräizäit: Dir hutt souwuel d’Méiglechkeet am Schlasspark eppes z’iessen oder an engem Restaurant am Zentrum vun Ludwigsburg

2. Dag: Freides, den 10. November
Kaffi am Hotel
10h00: Check-Out
10h30: Barock per Bus, eng Geschichtsféierung mat eisem Bus. Mir fueren mat eisem Reesbus bis an den Haff vum Schlass Ludwigsburg, wou eise Guide eis empfänkt. Op eiser Rondfaart fueren mir laanscht zwee weider Schlässer, woubäi mir bei engem Schlass stoen bleiwen an e klengen Tuer trëppelen. Weider geet et dann mam Bus duerch den Zentrum vun Ludwigsburg, laanscht déi prachtvoll Maartplaz an erëm zeréck bei d’Schlass Ludwigsburg.                                                                                                                                                                                                                                    12h00: Mëttegiessen am Café Schlosswache (optional, op eegen Käschten)
14h30: Visitt vum Residenzschlass Ludwigsburg (optional)
17h00: Retour mam Bus op Lëtzebuerg.

Präis: 260€ pro Persoun am Duebelzëmmer an 320€ am Eenzelzëmmer (am Präis abegraff: d’Busrees am 4* First Class Edition Bus, 1 Iwwernuechtung + Frühstück am Hotel, Mëttegiessen am Hotel den 09.11., Entrée an d’Kürbisausstellung + d’Rondfaart Barock per Bus) (optional: Visitt vum Residenzschlass: +9,00€/Persoun)

Umeldung bis den 08.10.2023
Iwwerweist w.e.g. no der Umeldung en Acompte vun 150€/Persoun mam Vermierk: «Ludwigsburg & Numm» op eise Konto:
Treff Aal Schoul LU67 0027 2101 6623 3600 BILLLULL

Veranstaltungsort



Deutschland Google Karte anzeigen

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.