Mini Trip Koblenz
10.06.2026 - 11.06.2026
€320 – €400Depart um 07h00 zu Äischen „Um Denn“ an um 07h10 zu Habscht beim „Treff Aal Schoul“. Mir maachen ons op de Wee an déi charmant Stad um Rhein, op Koblenz.
Mir iwwernuechten am Diehls Hotel**** dee schonn säit Joerzéngten e frëndlechen Familljebetrib ass. Dëse bitt ons en eemolegen Ausbléck op de Mëttelrhein an op d‘Alstad vu Koblenz. Um 10h00 hu mir eng Alstadféierung mat allen Highlights déi d‘Stad Koblenz ze bidden huet. Duerno fuere mir mat der Seelbunn op déi imposant Festung Ehrenbreitstein erop, wou onser Guide ons méi iwwert déi 5000 Joer al Geschicht erzielt a mir eng herrlech Siicht op Koblenz genéisse kënnen.
Uschléissend hu mir e gemeinsaamt Mëttegiessen an engem lokale Restaurant. Nom Iessen ass de Check-In am Hotel. Duerno ass Fräizäit wou dir de Recht vum Nomëtten entspanen an d‘Stat op eege Fauscht entdecke kënnt. Owesiessen an Iwwernuechtung am Diehls Hotel.
Nom Frühstücksbuffet checke mir am Hotel aus. Uschléissend maache mir eng Burgen-Schlösser Schiffsrundfahrt um Rhein a genéissen 2 Stonnen puer flott Aussichten op d‘Koblenzer Schlass an dem historesche Wäinduerf bis zu de prunkvolle Buerge Lahneck, Martinsburg a Marksburg déi dës Regioun mat hirer Geschicht verzauberen. (Um Schëff gëtt et waarm a kal Gedrénks, souwéi Snacks fir de klengen Honger) No onsem Tour um Waasser kënnt dir är Fräizäit genéissen.
Géint 18h00 Retour op Lëtzebuerg.
320€ pro Persoun am Duebelzëmmer
400€ am Eenzelzëmmer
Umeldung bis den 27.03.26 – Nom Délais kënne mir net garantéieren dass nach Zëmmere fräi sinn.
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.
Von der Veranstaltung abmelden.