
Mär ginn an d’Oktav an op de Mäertchen


21.05 / 9:00 - 17:00
gratisDéi traditionell Pilgerfaart(Oktav) zu Éiere vun der Muttergottes vu Lëtzebuerg gëtt et zënter 1666. Et gëllt bis haut als wichtegst reliéist Fest zu Lëtzebuerg an ass kombinéiert mat engem Mäertche bei der „Gëlle Fra“. Et zitt zanter jee hier vill Léit un, an ass bis an d’Groussregioun bekannt.
Mär „pilgeren“ zesumme mam Zuch an d‘Oktav. Vun der Gare aus trëppele mär bis an d‘Kathedral. Hei kann een un enger Mass Deel huelen. No der Mass geet et op de Mäertchen. Duerno kann een sech fräiwëlleg dem Grupp mat uschléissen fir an Brasserie du cercle (à la carte) iessen ze goen (bei der Umeldung w.e.g matdeelen op een mat iessen geet oder net)
Nom Mëttegiesse kann een nach gemittlech iwwert de Mäertchen trëppelen, oder sech d‘Geschäfter an der Stad ukucken, éier et nees géint 16h00 heem geet a Richtung Schëffleng.
En train, nous nous rendons à Luxembourg-Ville où nous pèlerinons à l’Octave, fête religieuse pour honorer la Vierge Marie qui est la patronne de la ville et du Grand-Duché. Possibilité de participer à une messe, ensuite déjeuner à la Brasserie du cercle au Mäertchen. L’après-midi temps libre.
Wéini/quand: Mëttwoch/mercredi 21.05.2025
RDV: Op der Schëfflenger Gare-Quai 2 (Richtung Stad)
Auerzäit/heure: 09h10
Präis/prix: gratis/gratuit
Sprooch/langue: Lëtzebuergesch
Umeldung: 26540492 oder info@beimkiosk.lu