Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Life Kinetik I: Anfängerkurs – mam Carole Becker


11.10 - 13.12 / 16:00 - 17:00

120€

Déi bescht Mëttele fir eist Gehier fit ze halen, si Beweegung an nei Erausfuerderungen. Life Kinetik ass eng Trainingsform, déi ongewéinlech Beweegungen, Koordinatioun, Wahrnehmung a kognitiv Aufgabe matenee verbënnt. D’Gehier gëtt duerch déi ofwiesslungsräich Übunge permanent mat neien Erausfuerderunge konfrontéiert. Esou mussen nei Léisungsweeër gesicht ginn, wat dozou féiert, dass nei Verbindungen tëscht de Gehierzellen  entstinn an aler nei organiséiert ginn.

Ënnersichungen hunn erginn, dass e reegelméissege Life Kinetik-Training zu enger Verbesserung vun der kognitiver Leeschtung an zu enger méi grousser Stressresistenz féiert. Donieft maachen d’Übungen och nach Spaass.

Un dësem Training ka jiddereen deelhuelen, esouwuel déi méi, wéi och déi manner sportlech Leit.

 

Carole Becker, Life Kinetik Trainerin a Gesondheetspädagogin

 

Datum : Dënschdeg 11.10. – 13.12.2022

Auerzäit : 16h00 – 17h00

Präis : 120€ fir 8x

Sprooch : Lëtzebuergesch

Uert : Club Haus Am Brill, 51, Rte d’Arlon  L-8310 Capellen

Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu

Iwwerweist wgl. de Montant , nodeems Dir Är Bestätegung kritt hutt, op de Kont vum Club Haus Am Brill BGL  LU49 0030 3218 9179 0000, mat, als Vermierk, dem Numm vun der Aktivitéit

Veranstaltungsort

51, Route d’Arlon
L-8310 Capellen
Luxemburg Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 30 00 01
Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.