Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Life Kinetik-Gehiertraining duerch Beweegung


26.10 / 18:00 - 19:00

135€

Unsere nächsten Termine

Life Kinetik ass eng Trainingsform, déi, unhand vun ofwiesslungsräichen Übungen, ongewéinlech Beweegungen, Koordinatioun a kognitiv Aufgabe matenee verbënnt. Duerch déi permanent nei Erausfuerserunge bei den Übungen, muss eist Gehier ëmmer nees nei Léisungsweeër sichen. Doduerch entstinn nei Verbindungen tëscht de Gehierzellen  an aller ginn nei organiséiert.

Ënnersichungen hunn erginn, dass e reegelméissege Life Kinetik-Training zu enger Verbesserung vun der kognitiver Leeschtung an zu enger méi grousser Stressresistenz féiert. Donieft maachen d’Übungen och nach Spaass.

Viraussetzung: Freed drun hunn Neies auszeprobéieren, an iwwert sech selwer laache kënnen. Un dësem Training ka jiddereen deelhuelen, esouwul déi méi, wéi och déi manner sportlech Leit.

Carole Becker, Life Kinetik Trainerin a Gesondheetspädagogin

Matzebréngen: gutt Laun a propper Turnschlappen (déi een net dobaussen unhuet).

Umeldung: per Telefon 30 00 01 oder Email  clubsenior@mamer.lu

Iwwerweist wgl. de Montant , nodeems Dir Är Bestätegung kritt hutt, op de Kont vum Club Haus Am Brill BGL  LU49 0030 3218 9179 0000, mat, als Vermierk, dem Numm vun der Aktivitéit.

Veranstaltungsort

51, Route d’Arlon
L-8310 Capellen
Luxemburg Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 30 00 01
Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.