
Liewe mat Demenz Info-Nomëtteg mat der ALA


29.03 / 15:00 - 17:00
D’Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer organiséiert mam Club Haus an de Sauerwisen en Info-Nomëtteg op Lëtzebuergesch iwwert d’Demenz.
Themen vum Info-Nomëtteg:
- Alzheimer an aner Demenzformen
- Diagnos a Symptomatik
- Ëmgang mat der Diagnosis
- Ënnerstëtzung a Bewältegung am Alldag
- Liewe mat Demenz
- Servicer vun der ALA
- Froen an Äntwerten
Erklärunge vun der Madame Nathalie Maas, Responsabel vum Foyer Minettsheem zu Rëmeleng, an dem Här Roland Weiland vum Sozial- a Koordinatiounsdéngscht vun der ala.
Fir Kaffi a Kuch ass gesuergt
Umeldung bis spéidestens den 22. Mäerz beim Club Haus an de Sauerwisen