Liesung : Lët’z druddel ! – mam Marc Weydert
30.10 / 19:00 - 20:30
15€D’Spille mat der Lëtzebuerger Sprooch, d’Verdréine vu bekannte Geschichten, d’An-d’Lächerlecht-Zéie vun agesiessene Gewunnechten a Klischeeën iwwer Männer am Baumaart a Fraen am Schongbuttek, Krankheeten oder deen allsäits beléiften Thema vun de Vakanzen, all dat ass Sénges!
De Marc Weydert, Lëtzebuerger Auteur a Laureat vum Concours littéraire national 2021 a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 kënnt fir e lëschtegen Owend voller Ironie, Wuertwitz a Parodien op Mamer a presentéiert seng Sammlung vun humoristeschen Texter a Lidder an engem gesellege Kader.
Mat derbäi sinn och en neie Reenert, eng méiglech Fortsetzung vun der Maus Ketti an e Roude Léiw, deen esou d’Flemm huet, datt hien d’Paart vum Kolmer Schlass klaakt a senger Wee geet, fir eng nei Karriär unzefänken.
Datum : Freideg 30.10.2026
Auerzäit : 19h00 – 20h30
Präis : 15€
Sprooch : Lëtzebuergesch
Uert : Club Haus Am Brill, 7, rue du Millénaire L – 8254 Mamer
Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: brill@clubhaiser.lu
Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill
Foyers Seniors asbl BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.
Von der Veranstaltung abmelden.