Liesung : Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch – mat Kremart Edition
28.02 / 19:00 - 20:30
15€No der Serie SMART mat méi ewéi 37.000 verkaaften Exemplairen, schléisst Kremart Edition elo d’Serie TIMBA mat Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch of. 24 TIMBA-Bicher (40 Säiten, 4 €) ware geplangt a sinn an onreegelméissegen Ofstänn erauskomm.
Kommt an entdeckt e puer vun de Kuerzgeschichten aus der Timba-Serie op enger flotter Liesung den 28. Februar 2025… , dat sinn ë.a.:
TIMBA 10 – Joseph Kayser: Déif gekillt – e kniwwelege Krimi zu Bouneweg
TIMBA 21 – Cathy Clement: Rondel – eng Fra wëll en neien Ufank
TIMBA 22 – Sophie Gitzinger: Vill Gléck fir de Gebuertsdag – d’Sich nom perfekte Mann
TIMBA 24 – Christiane Kremer: Gëff mer keng Bees – eng ongläich Koppel fënnt sech
Datum : Freideg 28.02.2025
Auerzäit : 19h00
Präis : 15€
Sprooch : Lëtzebuergesch
Uert : Club Haus Am Brill, 51, Rte d’Arlon L-8310 Capellen
Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu
Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill
BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.