Konferenz : Schueberfouer : Erënnerung, Traditioun a Kultur – mam Steve Kayser
06.03 / 18:30 - 20:00
15€Wann am August déi grouss Entréespaart vun der Fouer opgeriicht gëtt, fänkt um Stater Glacis eng geckeg Zäit un.
Bal jiddereen erënnert sech un dës Plaz, déi fir zwanzeg Fouerdeeg en organiséiert Aneschtsinn ubitt. Mir ginn op d’Fouer, fir Ongewinntes ze stiichten oder fir Gewinntes an engem ongewinnte Kader ze erliewen. D’Gloscht ass meeschtens méi staark wéi de Verstand. Et ass am Fong wéi Fuesent: mir dréinen den Alldag op d’Kopp!
Eigentlech ass si schonn eng eeler Damm, déi awer an hirem Wiese jonk bliwwen ass, well si mat hirer Zäit matgaangen ass a sech dem jeeweilegen Zäitgeescht ugepasst huet. D’Fouer gouf vum Jang de Blannen den 20. Oktober 1340 als järlech Handelsfoire vun der Stad Lëtzebuerg gegrënnt. Dobäi ginn iwwerliwwert Bräich, ewéi den Hämmelsmarsch oder d’Stater Kiermes gelieft an un déi nächst Generatioune weider gereecht.
D’Schueberfouer ass ee Stéck Lëtzebuerger Kultur an zielt als Volleksfest och méi generell zum immateriellen Kulturierwen. Fir d’Lëtzebuerger Forainen ass si den Héichpunkt vun hirer Tournée. An och bei hiren auslännesche Kolleegen ass si eng Referenz.
Datum : Donneschdeg 06.03.2025
Auerzäit : 18h30 – 20h00
Präis : 15€
Sprooch : Lëtzebuergesch
Uert : Club Haus Am Brill, 51, Rte d’Arlon L-8310 Capellen
Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu
Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill
BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit