
Konferenz : Lëtzebuerg nom Wiener Kongress – mam Nicole Brix, Geschichtsprofessorin


17.03 / 17:30 - 19:00
15€Personalunioun mat den Niederlande an d’Dynastie vun den Oranien – Nassau.
De Wiener Vertrag vun 1814, deen d’Staatsgrenzen an Europa nei festgeluecht huet, huet och de Statut vu Lëtzebuerg gereegelt. D‘Herzogtum gouf d’Groussherzogtum an de Kinnek Wilhelm I. vun den Niederlande krut d’Land zougesprach als Entschiedegung fir Gebidder, déi hien huet missen oftrieden. Esou koum Lëtzebuerg an d’Personalunioun mat den Niederlande, déi bis 1890 dauere sollt a wärend där d’Land vun 3 Kinnek-Groussherzogen, all mam Numm Wilhelm, regéiert gouf.
Leider wor dës Personalunioun nët ëmmer positiv fir eist Land an huet ënner anerem zu der Bedeelung un der belscher Revolutioun gefouert, duerch déi Lëtzebuerg 1839 onofhängeg gouf.
Mee et ass awer och d’Zäit, wou Lëtzebuerg ökonomesch erwecht a vun engem renge Bauereland zu engem modernen Industriestaat gëtt.
D’Nicole Brix erzielt Iech, bei enger Präsentatioun, vun dëser Zäit. Nom Virtrag hutt Dir nach Geleeënheet Är Froen ze stellen.
Datum : Freideg, 17.03.2023
Auerzäit : 17h30 – 19h00
Präis : 15€
Sprooch : Lëtzebuergesch
Uert : Club Haus Am Brill, 51, Rte d’Arlon L-8310 Capellen
Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu
Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill
BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit