Guidéiert Visitt am MNAHA: D’Kelten zu Lëtzebuerg – mam Nicole Brix
10.02 / 14:00 - 15:30
20€Den MNAHA weist déi schéinsten Objeten aus der Keltenzäit a senger stänneger Ausstellung. Fir ze verstoen, wat dës Kultur sou eenzegaarteg mécht a wat fir eng Bedeitung si fir d’Geschicht vu Lëtzebuerg huet, invitéiert Iech d’Historikerin Nicole Brix op en Tour an d’Fréigeschicht vun eisem Land.
Ee vun de wichtegste keltesche Siten zu Lëtzebuerg ass den Tëtelbierg. Eng Rei Géigestänn, déi do fonnt goufen, weisen op eng héich entwéckelt Kultur mat enger komplexer sozialer Struktur hin an d’Griewer, déi ronderëm den Tëtelierg fonnt goufen, si ganz besonnesch opschlossräich. Dës Visitt am MNAHA ass domat och ganz interessant an ergänzend fir déi Persounen déi am Joer 2024 mam Club un der guidéierter Visitt um Tëtelbierg deelgeholl hunn.
Treffpunkt : virum Musée National um Fëschmaart
Dës Féierung ass op Lëtzebuergesch.
Datum : Dënschdeg, 10.02.2026
Auerzäit : 14h00 – 15h30
Präis : 20€
Sprooch : Lëtzebuergesch
Uert : Musée National, Fëschmaart
Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu
Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill
Foyers Seniors asbl BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.
Von der Veranstaltung abmelden.