Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Gemittlechen Shoppingdag zu Huldang…………..      


10.02

20€

Huldang, ganz uewen an eisem Ländchen, befënnt sech de bekannten Akafszenter „Knauf op der Schmëtt“, wou eng grouss Auswiel u flotten Butteker a Restaurant’en ugebuede gëtt. Vu Kleederbutteker hin bis zu Dekoratiounsartikelen, Sportsbuttek oder Parfumerie, fir all Goût ass eppes dobäi.

An de Wanterméint, wou et net esou gemittlech dobaussen ass, hu mär e flotten Dag fir Iech organiséiert. Loscht op e Shopping a flotter Gesellschaft? Da mellt Iech un a genéisst e puer geselleg Stonnen zesumme mat eis.

 

Mëttwoch, den 10. Februar 2021.

Depart um 9.30 Auer beim Club Haus oder um 9.40 Auer beim Parking Hall Polyvalent (rue Denis Netgen). Sot eis bei der Umeldung, wou Där eraklammt. Präis: 20€ (Transport).

Mellt Iech als éischt un. Iwwerweist eréischt wa mär Iech d’Bestätegung gin hunn mam Vermierk „Shoppingdag“.

Veranstaltungsort

11-15, rue CM Spoo
L-3876 Schifflange
Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 26 54 04 92
Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.