Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Gaalgebierg: Visitt vum Geméisgaart an Déierepark


30.06

15€

Moies steet Visitt vum Geméisgaart um Programm,
wou mär hire Site erkläert kréien, d’Produktiounsweis
an d’Biodiversitéit. Zil vum Escher Geméisgaart ass
d’Harmonie mat der Natur an ouni Pestizide ze produzéieren.
D’Biodiversitéit steet am Mëttelpunkt vun dëser
Aktivitéit. Hei fannt Där och eng grouss Auswiel vu
Geméis, Blummen an aromatesche Kraider, déi een
och sur Place kafe kann.
Géint Mëtteg erwaart eis e klengt Mëttegiessen am Geméisgaart,
wou et virun allem ëm d’Schmaache vum
frësche Geméis aus hirem Gaart geet.
Mëttes gi mär weider Richtung Déierepark, wou e klengen
Trëppeltour um Programm steet. Zum Ofschloss dierf e
gudde Patt op enger Terrass net feelen.

Mëttwoch / mercredi 30.06.
Rendez-vous 10h15 Parking beim Fussballterrain
15 € (Visitt vum Geméisgaart, klengt Mëttegiessen)
Iwwerweisen: „Gaalgebierg”

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.