Fotoalbum um Computer gestalten mam Christiane Gnad – mam Christiane Gnad
Deemnächst stinn d’Vakanzen nees virun der Dier. Fir dass Dir Är Vakanzefotoen duerno direkt an engem schéinen Album kënnt festhalen, léiert Dir an dësem Cours:
– Är Fotoen ofzespäicheren
– de Programm vum CEWE erofzelueden
– Är Fotoen vum Handy bis an den Album ze transferéieren
– den Album individuell ze gestalten, mat Texter, faarwegen Hannergrënn…
– de fäerdegen Album ze bestellen
Viraussetzung ass, dass Dir relativ gutt eens gitt mat Ärem Handy a Grondkenntnisser am Ëmgang mam Computer hutt.
Dir braucht fir dëse Cours Ären Handy oder Tablet mat Fotoen an Äre Laptop.
Datum : Freideg, 08.05. + 15.05. + 22.05.2026
Auerzäit : 09h30 – 11h30
Präis : 60€ fir 3x
Sprooch : Lëtzebuergesch
Uert : Club Haus Am Brill, 7, rue du Millénaire L – 8254 Mamer
Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: brill@clubhaiser.lu
Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill
Foyers Seniors asbl BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.
Von der Veranstaltung abmelden.