Flotten Dagesausfluch an d’Éislek
14.10.2025
67€Eist Éislek ass ëmmer derwäert fir e flotten Dag ze verbréngen. Moies fuere mär op Esch-Sauer fir déi bescht bekannten Duchfabrik ze besichen. Hei hu mär eng geféiert Visite duerch de Musée. Et bleift och nach Zäit fir an hirem Buttek e schéine Souvenir ze kafen. Duerno geet et weider an d’Fuussekaul wou mär zu Mëtteg iessen. Hei hutt Där de Choix tëschent 3 Haaptplaten an 2 Desserten:
Paschtéit, Fritten an Zalot,
Oder Pizza au Choix
Oder awer Ham, Fritten an Zalot.
Beim Dessert besteet d‘Wiel tëschent Äppeltaart oder Schockelasmousse.
Nom Mëttegiesse fuere mär nach op Dikrech wou mär 1,5 Stonnen Openthalt hunn. Géint 16h30 maache mär eis nees op den Heemwee.
Profitez de cette journée pour passer de bons moments au nord du pays. Visite guidée dans le musée « Duchfabrik », après un repas commun au restaurant « Fussekaul ».
Dënschdes, mardi
14.10.25
RDV:
08:40 Club Haus
08:45 Parking Hall Polyvalent (rue Denis Netgen)
Präis/prix: 65€ (Fir den Transport a Mëttegiessen) (bezuele bis de 14.9.25)
Sprooch: Lëtzebuergesch, deutsch, français
Soot eis bei der Umeldung wou Där eraklammt
Umeldung: 26540492 oder info@beimkiosk.lu
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.