
Email Account – Wéi funktionéiert et? Wéi installéieren ech mär eng Email Adress?


26.06 / 9:30 - 11:30
25€Haut dës Daags kënnt ee bal net méi der laanscht eng E-Mail-Adress ze hunn. Mee wéi funktionéieren Emails iwwerhaapt? Wéi eng gängeg Programmer ginn et (Outlook, Gmail, Mail, Thunderbird)?
An da gëtt een och nach Saache gefrot wéi POP, IMAP an SMTP. Wéi kann ech meng Mailadressen installéieren op mengem Handy, mengem PC oder menger Tablett a wéi kann ech alles sécher benotzen?
Dëst alles si Froen déi muncher een huet, an déi an dësem Cours beäntwert ginn.
Maximum 8 Persounen/maximum 8 personnes
Wéini/quand : Donneschdes/jeudi 26.06/03.07
RDV: Club Haus
Auerzäit/heure: 09h30-11h30
Präis/prix: 25 Euro
Sprooch: Lëtzebuergesch
Umeldung: 26540492 oder info@beimkiosk.lu
Iwwerweisen: „Email “