Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Elektroauto…. E grousst Fragezeichen ??


01.07 / 14:30 - 15:30

gratis

Vill Froe stellt een sech wann een sech fir en Elektroauto bis intresséiert.

Wéi wéit kann ee mat engem Elektroauto fueren ?

Wéi laang ass Liewensdauer vun der Batterie ?

Wéi gëtt di Batterie opgelueden ?

D’Käschten, de Verbrauch a villes méi , wëll ee wëssen.

Dofir hu mär eng Visitt hei zu Schëffleng organiséiert.

D’Garage Binsfeld hei zu Schëffleng hëlt sech di néideg Zäit a beäntwert op all Är Froe kompetent a gläichzäiteg op einfach Aart a Weis.

Gäre stelle Si Iech haut och en Elektroauto zu Verfügung, fir eemol drop ze fueren.

Wann d’Konditiounen et erlabe kréie mär e klénge Pättchen an der Garage offréiert.

RDV:  14h00 Garage Binsfeld, 15, rue de Noertzange, L-3860 Schifflange.

Präis: Gratis

Umelle bis spéitstens de 24 Juni, net méi wéi 8 Leit.

Sprooch:Lëtzebuergesch,

Umeldung: 26540492         beimkiosk@clubhaus.lu

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.