Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Duerch Bësch a Gewan – Marscherwald mam Viviane


08.04 / 14:00 - 18:00

5€

Well den Interessi esou grouss war, bidde mir nach eng Kéier eisen Tour mam Viviane duerch de Marscherwald un.

De “Marscherwald” ass ee vun de gréisste Bëscher zu Lëtzebuerg. Wann och net esou symbolträchteg wéi de “Gréngewald”, stellt en e gréisstendeels intakten Ensembel duer. Während engem Spadséiergank duerch de Marscherwald kënne mir eis vun dem besonnesche Charme vun dëser Kulturlandschaft iwwerzeegen.

Nodeems et zu Kuebebuer fortgaangen ass, komme mir bei de Ripsmuer. Vun do geet et weider bei d’Sonnenauer, déi 1926 vun zwee Awunner aus Kuebebuer gemeesselt ginn ass. Zum Schluss féiert eisen Tour eis laascht den Afferstack, eng kleng Verdéiwung vir op engem Fiels erënnert un en Afferstack an der Kierch.

Distanz: 6.50 Km
Zäit: +/- 02:30 h
Schwieregkeetsgrad: Licht Weeër. Kee besonnesch Kënnen erfuerderlech.

Fest Schong a Wanderbengelen erliichteren eis Wanderen!

Veranstaltungsort

15a am Becheler
L-7213 Bereldange
Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 33 40 10 1
Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.