Ulmet: Draisinetoure – Kuseler Musikantenland
27.08 / 7:15 - 21:00
145€En aktiven, sportlechen Ausfluch, mat vill Natur ass haut virgesinn. Entdeckt Kueseler Musikantenland mol op eng aner Aart a Weis, an zwar op den Draisinen. „Vëlo fueren op de Schinnen“ ass haut ugesot. Vun Altenplan Richtung Lauterecken gëtt pedalléiert, mat klenge Pausen, wou ee verschidden Uertschaften kann entdecken. Géint 11.00 Auer komme mär am Waldhotel Felschbachhof un, wou eis een Hausapéritif zervéiert gëtt, éier mär weider op Draisinenstatioun Altenglan fueren. Vum Hotel aus kréie mer e Picknickkuerf mat fir ënnerwee, wou e Sandwich, Softgedrenks, Uebst an e Schokoriegel mat dran ass. Eng Draisin ass fir 4 Leit virgesinn, 2 die fueren, 2 setzen hannen drop, wou regelméisseg gewiesselt gëtt. D’Stréck vun Altenglan Richtung Lauterecken ass 20 km.Géint 17.00 Auer erwaard Iech dann den Highlite vum Dag, e Büffet an hirer scheiner Finnhütte. („Vorspeisen, Glühlachs / Grillfleisch, Würstchen, vegetarische Alternativen, Beilagen, Dessert“). Retour nom Owendiessen zu Ulmet.
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.
Von der Veranstaltung abmelden.