Digitaler Nachlass – A wat ass dat?
28.04 / 14:00 - 16:00
gratisËmmer méi oft héiert een haut iwwer Cybersecurity an digital Verwaltung schwätzen. Dobäi gëtt séier kloer, wéi wichteg et ass, seng digital Konten an Donnéeën esou ze organiséieren, datt si och dann nach gereegelt a sécher bleiwen, wann ee selwer dat eng Kéier net méi ka maachen. Well vill Online-Konten a Servicer lafen nämlech einfach weider, soulaang keen se aktiv stoppt oder ofmellt.
Mëttlerweil sinn d’Grenzen tëscht der Offline- an der Online-Welt staark matenee verschmolt: Mir liesen d’Zeitung net méi just op Pabeier, mee och online iwwert en digitalen Abonnement. Mir kucke Fotoe vu Frënn a Famill op Facebook, schreiwe Messagen iwwer Messenger-Apps oder maachen eis Bankgeschäfter direkt am Internet. All déi Spueren, déi mir dobäi hannerloossen – Fotoen, Konten, Kommentaren, E-Mailen oder Passwierder – gehéieren zu eisem digitalen Nachlass.
Wann dëse Punkt net am Viraus gereegelt gëtt, kann dat séier Konsequenzen hunn: E Streaming-Déngscht fir Filmer oder Musek gëtt weider verrechent, Cloud-Speicher mat wichtege Fotoen oder Dokumenter bleift bestoen, an och Social-Media-Profiler bleiwen online – bis iergendeen decidéiert, wat domadder geschéie soll
Wéi soll ech mech do organiséieren, dass alles gereegelt ass? Dëser Fro gi mir op de Grond an dësem Workshop, dee vu Golden-Me gehal gëtt.
Wéini / Quand: Dënschden , Dienstag
Datum: 28.04.2026
Auerzäit / Heure: 14h00-16h00
RDV: Club Haus
Preis / Prix: gratis / gratuit
Sprache / Langue : Lëtzebuergesch, Deutsch
Anmeldung / Inscription: Tel: 26540492 oder beimkiosk@clubhaiser.lu
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.