Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

D’Homeopathie an déi erstaunlech Eegenschaften vum Waasser


02.12 / 14:00 - 16:30

Kostenlos

Homeopathesch Mëttelcher si beléift, besonnesch bei klenge gesondheetleche
Problemer. Och Doktere verschreiwen alt homeopathesch Mëttelen an Apdikte
verkafen se gären a vill. D’Homeopathie huet awer e Problem, si baséiert net op
engem wëssenschaftlech noweisbare Prinzip. Deene Léit, déi awer iwwerzeegt
sinn datt esou Mëttelen hinnen hëllefen, ass dat egal. Verständlech an dach awer
iergendwéi erstaunlech. De Virtrag geet op den Ursprong an d’Geschicht vun der
Homeopathie an a firwat hir Wierkungsweis, déi de Samuel Hahnemann erkannt
wëll hunn, net ka vun der haiteger Naturwëssenschaft unerkannt ginn.
Am Virtrag geet et dann och em en Haaptbestanddeel vun den homeopathesche
Mëttelen, d’Waasser. An do sinn sech d’Naturwëssenschaftler eens, Waasser
ass vill méi wéi nëmmen H2O, a seng Eegenschafte kënne méiglecherweis och
d’Wierkung vun der Homeopathie erklären.
Conferencier: Claude Hallé
Mëttwochs, den 2. Dezember 2020 um 14.00 Auer. Gratis.

Veranstaltungsort

11-15, rue CM Spoo
L-3876 Schifflange
Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 26 54 04 92
Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.