Déi fortgeschratt Geheimnisser vum Smartphone
15.01 - 26.02 / 08:00 - 17:00
165€Wann Dir Äre Smartphone schonn e bësse kennt, kënnt
Dir hei nach méi léieren!
An dësem Atelier entdeckt Dir praktesch Tipps a Funktiounen,
déi Iech hëllefen, méi sécher, méi einfach a
méi schlau mam Handy ëmzegoen.
Follgend Theme gi behandelt:
• Sécherheet a Login
Nieft dem normale PIN-Code kënnt Dir Ären Handy
och mat Fangerofdrock oder Gesiichtserkennung
opspären. Dir kënnt och e Passwuert-Manager benotzen,
deen Iech staark Passwierder mécht a se fir
Iech späichert.
• D’Cloud – Äre séchere Späicher
Mat der Cloud ginn Är Fotoen, Kontakter a Fichieren
automatesch gespäichert. Wann Dir e neien Handy
kritt oder Ären Apparat verléiert, bleift alles erhalen.
• Fichieren organiséieren a deelen
Léiert, wéi Dir Är Dokumenter a Fotoen einfach verwalte
kënnt: se sortéieren, beweegen oder deelen.
Fir grouss Dateie kënnt Dir sécher Sharing-Servicer
oder Cloud-Apps benotzen.
• Saache mat aneren deelen
Mat Bluetooth, AirDrop oder NFC kënnt Dir séier Fotoen,
Kontakter oder Linke verschécken.
• Bezuele mam Handy
Dir kënnt haut ouni Portmonni bezuelen – mat Google
Pay, Apple Pay oder Payconiq.
Wéini/quand :
Mëttwochs/mercredi
Datum/dates : 15.01, 22.01, 29.01,05.02, 12.02, 26.02
Auerzäit/heure : 09h30-11h30
RDV: Club Haus beim Kiosk
Präis/prix : 165 Euro (6×2 Stonnen/heures)
Maximum 8 Persounen/personnes
Sprooch/Langue : Letzebuergesch
Matbréngen/à amener : Smartphone (Android oder IPhone)
Umeldung/inscription: 26 54 04 92 oder/ou info@beimkiosk.lu
Iwwerweisen/Versement: « Smartphone & NOM et PRENOM »
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.