De Mënscherechtswee an der Stad Lëtzebuerg – mam Nicole Brix
17.06 / 14:00 - 15:30
15€D‘Geschicht a Geschichte vu Lëtzebuerg nei entdecken bei enger guidéierter Visitt mat der Historikerin Nicole Brix.
De Mënscherechtswee ass keng klassesch Besichtegungstour vu Sehenswürdegkeeten an der Stad, mee leet de Schwéierpunkt op Uerter, déi entweeder Zeie vu Mënscherechtsverletzunge sinn oder awer symbolesch fir hir Duerchsetzung an Anhalung stinn. Am Mëttelpunkt steet d‘Entwécklung vum lëtzebuerger Vollek zu enger offener, demokratescher a multikultureller Gesellschaft, där hir Wäerter hir fest Wuerzelen an der UN Mënscherechtserklärung hunn. Gläichzäiteg soll däitlech gemaach ginn, dass d‘Gesellschaft duerch Aflëss vu bannen a baussen engem stännege Wandel ënnerworf an doduerch fragil a gefäerdet ass. Bei dësem Wee geet et drëms ze weisen, dass Demokratie a Respekt vun de Mënscherechter och a moderne Staate keng Selbstverständlechkeet sinn an et wichteg ass, negativ Tendenze scho fréi ze erkennen an ze bekämpfen, éier si d‘Gesellschaft eeschthaft a Gefor bréngen.
Datum : Mëttwochs 17.06.2026
Auerzäit : 14h00 – 15h30
Präis : 15€
Sprooch : Lëtzebuergesch
Uert : 30 Pl. Guillaume II, 1648 Ville-Haute, Lux.
Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: brill@clubhaiser.lu
Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill
Foyers Seniors asbl BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.
Von der Veranstaltung abmelden.