Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Bénévolat-Hausaufgabenhëllef


20.09.2021 - 15.07.2022

Kostenlos

Intergenerationelle Projet tëscht der

Maison Relais Capellen an dem Club Haus Am Brill

Dir wëllt Iech sozial engagéieren, hutt minimum eng Stonn d‘Woch Zäit, hutt gär de Kontakt mat engem Kand a kënnt mat Freed dat schoulescht Wëssen aus der Grondschoul eriwwerbréngen? Da kann dëse Projet eng wäertvoll Aktivitéit fir Iech an eis jonk Matbierger sinn.

D’Kanner aus der Maison Relais verbréngen hiren Dag an engem méi oder manner grousse Grupp; dat ass fir vill Aktivitéite ganz flott, mee dëst gëllt net onbedéngt fir d’Hausaufgaben. Muench Kanner kréien sech do net gutt konzentréiert, anerer brauchen nach e puer Erklärungen…

Fir de Besoinë vun deene Kanner entgéint ze kommen, siche mir kannerfrëndlech a gedëlleg Leit, déi eemol d‘Woch, oder och gär méi oft, Zäit a Loscht hunn, am individuelle Setting, engem Kand bei de Schoulaufgaben zur Säit ze stoen.

Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech gär am Club Haus Am Brill mellen um Telefon 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu

Veranstaltungsort

51, Route d’Arlon
L-8310 Capellen
Luxemburg Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 30 00 01
Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.