Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Bachbléienberodung


23.10 / 8:00 - 12:00

| Veranstaltungsserie (Alle anzeigen)

Eine Veranstaltung um 8:00 Uhr am 23.10.2020

65€

D’Bachbléie sinn eng natierlech, einfach an douce Methode déi hëlleft rëm an
eist natierlecht emotionaalt Gläichgewiicht ze kommen. Vun dëser Methode ka
jiddereen, vun all Alter profitéieren. D’Bachbléie bréngen Emotioune rëm an
d’Balance. Do wou Angscht war, kënnt Courage.
Där hutt vill Stress, fillt iech ausgelaugt, iwwerfuerdert, sidd verzweiwelt,
decouragéiert, depriméiert oder leit ënnert Ängschten, maacht grad eng méi
schwéier Zäit am Liewen duerch oder awer där wëllt einfach méi ausgeglach sinn
an d’Liewe besser genéisse kënnen? Da sinn d’Bachbléie grad richteg fir iech!
Bei engem Gespréich kuckt d’Malou Tibor zesummen mat iech är Situatioun a
wat iech stéiert, oder wat där gär changéiere wéilt. Zesummen decidéiert där
dann är perséinlech Mëschung, déi iech an ärer aktueller Situatioun am beschten
ënnerstëtzt. An sou enger Mëschung kënne bis zu 7 verschidde Bléien dra sinn.
Drëpse gi 4mol den Dag, 4 Drëpsen op d’Zong geholl fir déi erwënschte Resultater
ze erreechen.
Eng Berodung dauert tëscht 50 a 60 Minutten an Där kritt är Mëschung direkt mat
heem. Dat ganzt fir 65€.
D’Rendez-Vousen sinn freides moies de 16. a 23. Oktober tëscht 8.00 an
12.00 Auer.

Veranstaltungsort

11-15, rue CM Spoo
L-3876 Schifflange
Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 26 54 04 92
Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.