Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Bachbléien – mam Christiane Goeres


21.10 / 9:30 - 12:30

45€

Et ass mëttlerweil wëssenschaftlech bewisen, dass Stress a belaaschtend Gefiller eisen Immunsystem schwächen an eise Kierper krank maache kënnen.

Genee hei setzen d’Bachbléien un! Op eng natierlech an douce Manéier reduzéiere si Stress an harmoniséieren eis Emotiounen, fir dass mir ausgeglach, roueg a liicht duerch d’Liewen kommen; an dat stäerkt och eisen Immunsystem.

An dësem Atelier gitt dir dat Wichtegst iwwert déi natierlech an einfach Method vun de Bachbléie gewuer a wat si bewierken.

Dir kritt di verschidde Gruppe vu Bachbléie presentéiert an dono gi mir speziell op déi an, déi am Hierscht an am Wanter besonnesch ënnerstëtzend kënne sinn.

Um Enn vum Atelier kënnt dir iech Är eegen Bachbléiemëschung zesummesetzen.

 

Datum : Samsdeg 21.10.2023

Auerzäit : 09h30 – 12h30

Präis : 45€

Sprooch : Lëtzebuergesch

Uert : Club Haus Am Brill, 51, Rte d’Arlon  L-8310 Capellen

Aschreiwung : per Telefon: 30 00 01 oder per Mail: clubsenior@mamer.lu

Bezuelt wlg. D’Participatioun op de Kont vum Club Haus Am Brill

BGL LU49 0030 3218 9179 0000 mam Numm vun der Aktivitéit

Veranstaltungsort

51, Route d’Arlon
L-8310 Capellen
Luxemburg Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 30 00 01

Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.