
Autopedester Diddeleng-Haard


03.07
gratisHaut entdecke mär Diddeleng. Mär starten op der Gare wou mär duerch den „Quartier Italien“ trëppelen. Et geet liicht biergop a lues a lues komme mär an d’Naturschutzgebitt vun der Haard-Hesselsbierg-Staebierg. Dësen ofwiesslungsräiche Wee ass ongeféier 7 km laang. Wärend dem trëppele komme mär bei den „Humpen“, en Zuchwaggon vu fréier. Loosst Iech dat net entgoen a mellt Iech un. Nom dësem interessanten Tour gi mär eis an de Restaurant Gigi l’amoroso stäerken. Do hu mär d‘Auswiel tëscht Bouchée à la reine oder Agnolotti végétariani an als Dessert kënne mär wielen: entweder Mousse au chocolat oder Dame blanche.
Aujourd’hui, nous découvrons les alentours de Dudelange. Nous quittons la gare pour traverser le „Quartier Italien“. Après une légère montée, nous pénétrons progressivement dans la réserve naturelle du Haard-Hesselsbierg-Staebierg. Ce sentier varié fait environ 7 km de long. Au cours de la promenade, nous croiserons un wagon du bon vieux temps. Après la promenade, nous reprenons nos forces au restaurant Gigi l’amoroso, où nous avons le choix entre une bouchée à la reine ou des agnolotti végétariens et pour le dessert, nous pouvons choisir entre une mousse au chocolat ou une dame blanche.
Wéini/quand: Donneschdes/jeudi 03.07.2025
RDV: Schëfflenger Gare Quai 2 Direktioun Lëtzebuerg
D’Auerzäit get Iech nach matgedeelt/l’heure vous sera communiquée ultérieurement
Wanderschong, wiederentspriechend Kleedung, Waasser/ chaussures de randonnée, vêtements adaptés à la météo, de l’eau
Präis/prix: 25€
Sprooch: lëtzebuergesch, français, deutsch
Umeldung: 26540492 oder info@beimkiosk.lu
Iwwerweisen: „Trëppeltour Diddeleng“