Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

An all Alter digital mobil mit Richard Prommenschenkel


Mir hoffen, dass de Corona Virus Iech nach net erwëscht huet an, dass Dir nach gesond a monter sidd?

Ass et fir Iech och heiansdo schwéier ganz eleng doheem ze sinn, ouni déi gewinnte sozial Kontakter?

Benotzt Dir an esou Situatiounen dann de PC; Smartphone oder een Tablett fir mat der Famill oder Äre Frënn a Bekannten a Kontakt ze bleiwen?

Wa jo, dann hutt Dir eventuell nach déi eng oder aner Schwieregkeet beim verschécke vun e-Mailen, beim Chatten oder beim Video Call?

Och Musek lauschteren; Fotoe maachen; am Internet surfen a shoppen; TV kucken an Zeitung liesen oder Iwwerweisunge maache mat E-Banking oder Digicash, ass net ëmmer einfach.

An Eenzelstonnen hëllefen mir Iech a weisen Iech wéi et richteg geet.

Mat deene meescht benotzte Mobilgeräter (Apple; Samsung; Huawei; LG; HP oder Microsoft) kenne mir eis gutt aus, awer och bei ganz spezielle Problemer fanne mir bestëmmt eng Léisung fir Iech.

Informéiert Iech oder mellt Iech direkt u bei eisem Sekretariat op der Nummer 33 40 10-1 oder per E-Mail op becheler@50-plus.lu .

Eenzelcoursen op Rendez-vous ëmmer Mëttwochs

 

 

Veranstaltungsort

15a am Becheler
L-7213 Bereldange
Google Karte anzeigen
Telefon:
+352 33 40 10 1
Bitte loggen Sie sich ein, um sich für die Veranstaltung zu registrieren.