ALA- Mënsche mat Demenz begleeden Formatioun fir dat familiäert a soziaalt Ëmfeld
13.05 / 9:00 - 16:00
kostenlosDës gratis Formatioun op Lëtzebuergesch riicht sech un all déi, déi Mënsche
mat Demenz begleeden – egal ob am familiären oder am sozialen Ëmfeld. D’Zil
ass et Wëssen ze vermëttelen, Sécherheet am Alldag ze gewannen an d’eege
Grenze kennen ze léieren.
Ziler vun der Formatioun
• Demenz besser ze verstoen
• Handlungssécherheet am Alldag ze gewannen
• Kommunikatioun geziilt ze gestalten
• Eege Ressourcen ze stäerken
• Ënnerstëtzungsangeboter kennen an notzen ze léieren
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.
Von der Veranstaltung abmelden.