Är Gesondheet, Är Rechter Informatiounsversammlung mat der Patientevertriedung asbl
19.01 / 14:30 - 16:00
Wësst Dir, op wéi eng Rechter Dir als Patient*in
Usproch hutt?
Wou kritt een Ënnerstëtzung, wann et zu Problemer
oder Onkloerheeten am Gesondheetswiese kënnt?
Kommt bei eis op eng spannend Informatiounsversammlung
an Zesummenaarbecht mat der Patientevertriedung
Lëtzebuerg.
D’Patientevertriedung ass eng onofhängeg Instanz, déi
Patient*innen an hir Famillen ënnerstëtzt, beréit an
hëlleft, wann et ëm Froen oder Problemer am Gesondheetswiesen
geet. Si informéiert iwwer Är Rechter als
Patient, bitt Hëllef bei Konflikter mam Gesondheetsdéngschtleeschter
an ass eng wichteg Kontaktadress,
wann et ëm Transparenz a Gerechtegkeet am Gesondheetssecteur
geet.
Wat erwaart Iech?
• Kloer Erklärungen zu de Patienterechter
• Praktesch Beispiller aus dem Alldag
• Äntwerten op Är perséinlech Froen
Wéini/quand:
Datum/date: 19.01.2026
Auerzäit/heure: 14h30-16h00
RDV: Club Haus
Präis: gratis
Sprooch/langue : lëtzebuergesch/français/deutsch
Umeldung: 26540492 oder info@beimkiosk.lu
Sich für die Veranstaltung anmelden
Sie können sich auch für diese Veranstaltung anmelden, indem Sie den Organisator anrufen oder ihm eine E-Mail schreiben.
Von der Veranstaltung abmelden.