Adventsmäertchen
25.11 / 10:00 - 16:00
Där sidd nach op der Sich no engem Chrëschtkaddo? Da kommt laanscht op den Adventsmäertchen. Et stellen aus:
- Micheline Bucci verkeeft sëlwer gemaache Postkaarten
- d’Fläisseg Hänn verkafe Chrëschtdekoratiounen an Adventskränz
- Damme vum Baktreff verkafen hausmaacher Paté a frësch gebake Kiermeskuch
- D’Madame Jacqué Gabi stellt aus; flott selwer geflechten Akafskierf
- Damme vun Art Libre vun Esch verkafe Keramik a Seideschalen
- Carine Long a Jeanne Hautus hu vill verschidde Bijouen zur Auswiel
- Damme vum Strëck- an Häkeltreff verkafe hier Kreatiounen
- D’Madame Stamer Pia verkeeft originell Keramikartikelen
- D’Madame Génie Frisch verkeeft Biller (Uelegmolerei)
- D’Madame Marie-Rose Milbert verkeeft handgemolte Glieser
- D’Madame Netty Oberweis verkeeft sëlwer gemaache Postkaarten
D’Kichen zerwéiert Brittzopp a Wirschtercher mat Sauermous zum Präis vun 10€
(Wichteg: w.e.g umellen, d’Platzen si begrenzt a gi reservéiert)
Marché de Noël avec beaucoup d’exposants et leurs produits qui démontrent leur savoir-faire.